An engem Liichttuerm ganz am Norde vu Schottland wunnen, dat ass warscheinlech den Dram vu villen. D’Errollyn Wallen huet sech dee verwierklecht a lieft esou schonn zanter Joren. Et ass op där Plaz, wou si vill Inspiratioun fir hir Kompositioune fënnt, net nëmme well den Atlantik direkt vun hirer Dier läit, mee och well si do dee kloerste Stärenhimmel bewonnere kann. An hirem Wierk “Northern Lights”, wat d’Lëtzebuerger Philharmoniker 2023 um rainy days festival an der Philharmonie uropgeféiert hunn, geet et ëm all déi faarweg Polarliichter, déi si eemol am Abrëll 2022 vun hirem Doheem aus bewonnere kann.
Errollyn Wallen - eng staark Komponistin
headphones
14 min
Lauschteren
play_arrow
Errollyn Wallen (Foto: John Millar)
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden
Errollyn Wallen - eng staark Komponistin
Mat zwee Joer ass déi brittesch Komponistin aus Zentralamerika op London gezunn an huet hirem Dram erméiglecht: fir d’Musek liewen!
Wat hunn d'Komponisten a Komponistinnen an der Fräizäit gemaach?
Natierlech fläisseg komponéiert, mee net nëmmen!
Alexander Borodin - Chemiker, Dokter a Komponist
Den Alexander Borodin war net nëmme Vollbluttmuseker, mee och an der Chimie approfondéiert an hat en Dokter an der Medezin.
Musée, Musek a Molerei op Rezept verschreiwen
Zu Kaiserslautern erméiglecht ee Pilotprojet, sech "Kultur op Rezept” verschreiwen ze loossen.
Nei Etüd - vill Museker:innen kréie Problemer mam Gehéier
Eng Etüd mat insgesamt 67 Studien an 28.000 Leit aus 21 Länner weist: bis zu all drëtte Museker ka vun Tinnitus, Hypersensibilitéit oder weidere méi staarke Follge betraff sinn.
D'Gebuert vun "Orfeo" a "Peer Gynt"
De 24. Februar 1607 an 1876 hunn zwee grouss Wierker an der Museksgeschicht Première gefeiert, déi bis haut nach reegelméisseg programméiert ginn.
Edward Elgar - ee Réckbléck
Haut virun 92 Joer stierft de Sir Edward Elgar, nom Händel dee gefeiertsten Komponist aus Groussbritannien.
Erliichterung fir d'Musekerwelt
D'Lufthansa féiert nei Handgepäckreegelung a fir Museksinstrumenter.
Opus-Agenda
Am Opus Agenda blécke mir op e puer Event-Highlighten iwwer de Weekend vun der Fuesvakanz.
100. Gebuertsdag vum György Kurtág
Haut um 19. Februar gëtt de leschte groussen Avantgarde-Komponist György Kurtag 100 Joer al.
D'Hilary Hahn ass zeréck op der Bün
No bal engem hallwe Joer Paus duerch Operatiounen un der Wirbelsail ass d'Stargeiistin Hilary Hahn zeréck op der grousser Bün.
Ee Réckbléck op d'Uropféierung vu "Madama Butterfly"
Et si genee 122 Joer hier, datt am Teatro alla Scala zu Mailand de Komponist Giacomo Puccini d’Operewelt a virun allem de Public mat der “Madama Butterfly” schockéiert. Mee firwat?
De Pierre Rode - Typescht Wonnerkand
De Pierre Rode ass an der Geieliteratur ee Begrëff. Als franséische Jong beschäftegt hie sech fréi mam Sträicherklang a grënnt déi franséisch Geieschoul am 19. Joerhonnert mat.
Helmuth Rilling stierft am Alter vun 92 Joer
Mat sengem intensiven Engagement fir d'Musek vum Bach bleift den Helmuth Rilling ee vun den engagéiertsten däitsche Museker aus de leschte Joerzéngten.
Sinfonie oder "Kakophonie" - Uropféierung mat gemëschter Meenung
Virun 125 Joer ass d'Uropféierung vun der Sinfonie Nr. 2 vum Alexander Scriabin. Déi suergt fir gedeelte Meenungen. Ee fréiere Proff beschreift se souguer als "Kakophonie".
Augusta Holmès
Eng Komponistin, déi lues a lues erëmentdeckt gëtt, mee där hir Plaz an der Museksgeschicht ënnerschat gëtt.
Eng "Hyper-Uergel" fir Würzburg?!
Dës ganz extra Versioun vun Uergel ass elo Realitéit zu Würzburg un der Musekshéichschoul.
Nei Musek vum Kerry Turner
Dem Kerry Turner seng Wierker gi reegelméisseg zu Lëtzebuerg gespillt. Elo steet dann eng weider Commande an de Startlächer a komplettéiert seng Trilogy iwwer d'indigène Kultur.
825 Joer Léonin - Hie schreift Museksgeschicht
Bis haut ass dem Léonin säi “Magnus Liber Organi”, d’grousst Buch vun den Organa, ee vun de wichtegste Meilesteng an der Museksgeschicht.