DAB+ (Digital Audio Broadcasting Plus) ass den internationale Standard fir den digitale Radio. Vun elo u gëtt et den DAB+ och zu Lëtzebuerg. Dëst erméiglecht eng méi eng grouss Offer u Radiosenderen a bitt e méi stabillen Empfang an eng besser Tounqualitéit wéi den FM. Grad fir déi Klassesch Musek ass den DAB+ domat eng gutt Optioun. Probéier et aus!
Viraussetzung fir den Opus kënnen ze empfänke sinn en DAB+-fäegt Radiogerät (z. B. e Kicheradio, en digitale Wecker mat Radio-Funktioun oder och e klenge Radio mat Batterien) oder en Auto mat engem integréierten DAB+-Empfänger (zënter dem 21. Dezember 2020 ass an all neiem Auto an Europa en DAB+-Empfänger agebaut.
Stell däi Gerät op den DAB+-Modus a sich no de verfügbare Senderen. Wiel dann an der Lëscht den Opus 100,7 aus.
Keen DAB+? Kee Problem!
Erlief Klassik iwwerall mat der App vum Opus, engem Internetradio oder mat engem Smartspeaker an entdeck de vollen Emfang vun eiser Mediathéik. Do fënns du dee Concert, dee grad an deng Stëmmung passt, d’Live-Show Harmonesche Moien fir nozelauschteren, Podcasten an Interviewen a Gespréicher ronderëm déi klassesch Musek. Hei kanns du d’App downloaden:
Siich no "Opus 100,7" am:
- App Store ( fir IOS)
- Google Play Store ( fir Android)