Net am Stater Conservatoire, mee an der Kierch um Houwald. D'Christmas Carols erkléngen dëst Joer net méi am Auditorium, well deen am Moment renovéiert gëtt. Firwat ass de Choix grad op déi Kierch gefall ass, verréit de Fränz Theis, den Dirigent vun den Amis du Chant.
Och d'Musek ass zum Deel nei; et stinn zwou Lëtzebuerger Uropféierungen um Programm.