"Ich mag Weihnachtsstimmung und auch ein bisschen Weihnachtskitsch", seet de Christoph König, Chefdirigent vun de Solistes Européens, Luxembourg (SEL). Haut den Owend triede si an der Philharmonie op, ënner dem Motto "Christmas à la Hollywood", an Dir kënnt de Concert live um opus op DAB+ an online op opus.radio lauschteren, den Owend ab hallwer 8. Presentéiert gëtt e vum Marie Schockmel.
Um Programm stinn nieft der berüümter Suite aus dem “Nussknacker” vum Tschaikowski och Wierker, déi deene meeschte Klassik-Fans vläicht net ganz bekannt sinn an awer ëmmer iwwerall ze héiere sinn. Et si Chrëschtwierker vum Leroy Anderson. Dat Bekanntsten ass wuel säin "The Typewriter", bei deem net nëmmen den Orchester Musek mécht, mee och eng Schreifmaschinn.
De Programm passt och bei d'SEL, déi hir Programmer léiwer ofwiesslungsräich als eefaarweg gestalten.
Dat Besonnescht bei dësem Concert ass dann, datt de Public bei de Chrëschtlidder deels matsange kann. Et gëtt e Concert voller beréierender Musek, bei deem richteg Chrëschtstëmmung opkënnt.