Mat nëmme fënnef Joer huet de Peter Eötvös sech fir d'Musek passionéiert. Net just Piano huet den Ungar deemools geléiert, mee och nach Gei, Flütt a vill Perkussiounsinstrumenter. Mat 14 Joer geet hien dann an d'Spezialschoul fir jonk Talenter vun der Liszt Ferenc Academy of Music, fir ënner dem berüümte Komponist Zoltán Kodály ze léieren. Spéider schafft hien zesumme mam Karlheinz Stockhausen zu Köln a mam Pierre Boulez zu Paräis, allebéid grouss Personnagen an der Zeen vun der zäitgenëssescher Musek.
Als Teenager schafft hien als Museker an Improvisateur fir Film- an Theaterproduktiounen zu Budapest, an deen dramateschen Touch fënnt een och erëm a senge villen Operekompositiounen.
Haut (2.1.) wier hie genee 81 Joer al ginn. Am Mäerz 2024 ass hien awer no laanger Krankheet gestuerwen.