Een onvergiesslechen Operen-Owend hate wuel d'Nolauschterinnen an d'Nolauschterer am Städtischen Theater zu Chemnitz.
Wärend der Premier vun "Don Giovanni" huet de Sänger Johann Kalvelage an der Roll vum "Leporello" ee Malaise gemaach an huet missen nom éischten Akt an d'Klinik bruecht ginn.
Ma trotzdeem konnt d'Oper bis zum Schluss fäerdeg gesonge ginn!
Am Publikum souz nämlech de Markus Marquardt, ee Bassbariton aus de Reie vum Ensembel vun der Staatsoper Dresden. Hie selwer huet och schonn d'Roll vum Leporello gesongen a konnt esou d'Virstellung erfollegräich bis zum Schluss sangen.
Weider heescht et, de Johann Kalvelage wier um Wee vun der Besserung.