Den Operendirekter Peter Geld a seng Metropolitan Opera zu New York schreiwen am Moment net grad déi gréissten Erfollegsgeschicht. D’Weltconcertshaus huet Budgetsproblemer. Dëst ass awer scho méi laang gewosst. Elo ass awer erauskomm, dass ronn 20 Aarbechtsplazen an der Administratioun vun der Met Opera gestrach ginn. Dat mellen ënnert anerem den Deutschlandfunk an d’FAZ. Riets geet och vu Produktiounen déi geréckelt musse ginn. Dem Direkter Gelb no léichen d’Grënn un dem Deal mat Saudi-Arabien, dee scho lescht Joer thematiséiert gouf.
Hänkt an der Metropolitan Oper zu New York grad de Seege schif?
Schif hänke passt eventuell zu de Biller an der Met Opera. Do hänken nämlech Biller vum Marc Chagall. An och déi stinn aktuell ënnert engem Fragezeichen. Deutschlandfunk schwätzt nämlech dovun, dass zwee Biller vum Weltmoler souguer verkaf kéinte gi fir der finanzieller Kris entgéint ze wierken. Eng Value vu ronn 55 Milliounen Dollar gëtt hei genannt.