De Weltcellist Giovanni Sollima war zu Bozen fir ee Concert agelueden, wou d’Haydn Stëftung ee Concert gespillt huet. Dat am Hibléck op d’Olympesch Wanterspiller déi iwwermuer ufänken an zu Mailand a Cortina D’Ampezzo ofgehale ginn. Den Haydn-Orchester wäert de Faackellaf och musikalesch begleeden.
Ma den Cello, op deem den Giovanni Sollima gespillt huet, war komplett aus Äis! An zwar richtegem Gletscheräis, dat den US-amerikaneschen Äiskënschtler a Geiebauer Tim Linhart entwéckelt huet. D’Waasser koum vum Schnalstaler Gletscher.