Et kéint ee mengen, iwwert Komponisten déi elo 250 Joer a méi laang, dout wieren, wéiste mer alles wat et ze wësse gëtt. Wuel awer net beim Bach a beim Telemann: Am Leipziger Statsarchiv sinn nämlech Handschrëfte vu béide Komponisten entdeckt ginn!
Fonnt goufen een handgeschriwwene Bréif vum Johann Sebastian Bach (1685-1750). Doran ze liese sinn nei Informatiounen iwwert dem Bach seng Zäit als Thomaskantor zu Leipzig. An dësem Bréif lueft de Bach een Theologiesstudent mam Numm Gottlob Friedrich Türsch am Kader vun engem méigleche Studium zu Leipzig. De Bach huet hei eng Zort “Empfehlungsschreiwen” verfaasst. Ausserdeem kann een esou nei Réckschlëss op seng Aarbecht u Kantaten zéien.
Och dobäi ass eng Zort Lettre de motivation vum Georg Philipp Telemann perséinlech geschriwwen. Dëst ass elo da wuel dat offiziellt eelste Schreiwes an där Form vum weltbekannte Komponist. An och vum Johann Christoph Gottsched, engem däitsche Schrëftsteller, goufen Dokumenter entdeckt.
Fonnt goufen dës wichteg Bausteng fir d’Museksgeschicht vum Bach Fuerscher Bernd Koska, deen am Leipziger Statsarchiv seng Recherche gemaach hat.
Dës Dokumenter sinn zënter en Dënschdeg dann och an enger besonnescher Ausstellung am Statsarchiv zu Leipzig ausgestallt.