Mat hiren iwwer 8.000 Päife kann déi nei Hyper-Uergel zu Würzburg net just ee bestëmmte Klang, mee bis zu 30 komplett verschidde Klangstiler aus ënnerschiddlechste Genren an Epochen aus der Musek ofdecken!
Hyper-Uergel bedeit, datt d’Uergel digital gespillt ka ginn. Spriech et muss een net um Spilldësch sëtzen. Dat Ganzt funktionéiert mat Hëllef vu MIDI Technik.
Zënter elo méi wéi 12 Joer gouf un dëser weltwäit éischter Hyper-Uergel zu Würzburg geschafft, déi virun allem fir Concerten a Prouwen agesat soll ginn. Vun hirer Zort ginn et op der Welt knapp 20 Stéck. D’Käschte belafen sech der Héichschoul vu Würzburg no op ronn 3 Milliounen Euro.
Fir all déi interesséiert: Dir kënnt souguer ee virtuellen Tour duerch a bei d’Uergel maachen: https://hfm-wuerzburg.de/hyper-orgel