Gëschter am fréie Moie koum d'Nouvelle, datt den däitschen Dirigent, Kierchemuseker an Enseignant Helmuth Rilling am Alter vun 92 Joer gestuerwen ass. Den Helmuth Rilling kënnt 1933 zu Stuttgart op d’Welt a präägt iwwer Joerzéngten déi national an international Musekszeen.
Säin Engagement ass ganz dem Bach dediéiert. Hie grënnt 1954 d’Gächinger Kantorei vu Stuttgart, dem Profichouer. Doriwwer eraus grënnt hien d’Bachakademie an och den Oregon Bach Festival. Oder ass artistesche Leeder vum Baden-Würtembergeschen Landesjugendchouer. Den Helmuth Rilling war och déi éischt Persoun, déi sech dem Bach senger kompletter Aspillung vu Vokalwierker unhëlt.