De Puccini selwer bezeechent seng “Madama Butterfly” als eng Zort haasserfëllte wansinneg Orgie, déi sech am Operenhaus ofspillt an dat bei sengem Wierk, dat hien als dat ausdrocksstaarkst beschreift, dat hie jee komponéiert huet.
D'”Madama Butterfly” an d'Erzielung ronderëm ee Marinelieutenant, dee seng vermeintlech Léift hannergeet, gëtt wärend der Uropféierung zum Puccini sengem bis dohin éischten a leschte Flopp. An dat an engem Moment, wou de Puccini zu de gréissten italieeneschen Talenter zielt, ee Star mat vill Afloss, Suen a Fans.