Lescht Joer am November duerft déi däitsch Solistin Carolin Widmann no engem Concert a Finnland hir Gei net als Handgepäck mat an de Fliger huelen. Oder besser gesot - d’Gei duerft mat an d’Fligerkabinn, mee ouni d’Këscht, well déi anscheinend ze grouss war. D’Këscht huet si du missen anchecken an hir 300 Joer al Guadagnini huet si dunn an engem Pullover agewéckelt mat heem geholl.
No engem offene Bréif un de President vum Verwaltungsrot vun der Lufthansa huet d'Fluchgesellschaft fir Mäerz nei Reegelunge fir Museksinstrumenter ugekënnegt.