Den Echterclassic Festival wäert dëst Joer vum 9-11. Oktober am Trifolion stattfannen an dëst Joer sinn nees renomméiert Kënschtler:innen, déi optrieden: De Festival start mam Meedercherschouer Scala & Kolacny Brothers, deen en plus säin 30. Jubiläum dëst Joer feiert. Déi franko-israeelesch Mezzosopranistin Naama Liany hëlt eis mat op eng Rees duerch d'Klangwelt vum 20. Joerhonnert mat engem Concert ënner dem Titel “Cité d'Amour”. De Saxofonist Andreas Mader presentéiert säin neie Projet “IN MOTION": zesumme mat 12 Museker:innen gëtt d'Musek mat Beweegungen a visuellen Elementer vermëscht. A schlussendlech gëtt de Festival mat enger Matinée ofgeschloss, bei där den Duo Kiasma mam Pierre Fontenelle a mam Frin Wolter d'Kläng vum Akkordeon a vum Cello anenee verschmëlze léisst. Weider Informatioune fannt Dir um Internetsite vum Trifolion. Den Ticket fir déi 3 Deeg Festival kascht 99 €, bzw 69 € fir Leit ënner 27 Joer. Tickete fir d'Concerte kënnen awer och eenzel kaaft ginn.
D'Programmatioun vum Festival Echterclassic ass eraus!
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
MET Oper cast Schlaang fir Mozart-Oper
En éischter ongewéinleche Casting huet sech an der MET Opera ofgehalen, bei där eng Schlaang fir dem Mozart seng Oper "Cosi fan tutte" gecast gouf.
Uropféierung vun der Catherine Kontz
Wat hunn Täsche mat der Selbstbestëmmung vun de Fraen ze dinn?
D'Helios-Ouverture vum Carl Nielsen gëtt 123 Joer al
Haut virun 123 Joer war d’Uropféierung vum Carl Nielsen senger Helios-Ouverture Op. 17.
Museksdepartement un der Uni Nottingham gëtt no iwwer 100 Joer zougemaach
Wat dëst elo genee fir d’Enseignantë bedeit a wéi vill Leit vun dëser Fermeture betraff sinn, ass nach net kloer. D’Uni hält sech fir den Ament mat weideren Detailer bedeckt.
Diskrepanz an den europäesche Concertsprogrammatiounen
Eng nei Etude bestätegt: Komponistinne sinn a bleiwen aktuell eng Raritéit op ville Concertsprogrammen.
Vum Teleskop-Kran aus den Orchester dirigéiert
Fir ee besonneschen Optakt huet de jonken Dirigent Kyrian Friedenberg viru ronn 20.000 Leit zu Bordeaux gesuergt. Hien huet vun engem Teleskop-Kran aus dirigéiert ...
Dat gëtt deier - Berliner Philharmonie mat Problemer
Zënter 1963 steet zu Berlin déi bekannte Philharmonie net wäit vum Potsdamer Platz. Mee no iwwer 60 Joer ginn et dann och vill Problemer, déi dréngend behuewe musse ginn ...
Elbphilharmonie setzt op Influencer
Fir d’Saison 2026/27 an domat den 10. Jubiläum schafft d’Elbphilharmonie zu Hamburg elo mat 3 Influencer zesummen.
Iwwer 75% vum Budget fir d’klassesch Musek an der Schwäiz
Vun alle Museksgenren kënnt d’klassesch Musek, wann et ëm d’Musekfërderung geet, am beschte weg.
Skulptur Sinfonia, an Éiere vum Fred Harles
Leschte Mëttwoch gouf am Escher Conservatoire eng besonnesch Skulptur ageweit, an Éiere vum fréieren Direkter Fred Harles.
70.000 Fräitickete fir d’MET Oper gi verloust
Den New Yorker Buergermeeschter Zohran Mamdani huet sech eng ganz besonnesch Aktioun afale gelooss, fir de Leit Konscht méi no ze bréngen a géint net verkaaften Tickete virzegoen.
120 Joer Dmitri Schostakowitsch
Haut feiere mir de Gebuertsdag vum russesche Komponist, deen de 25. September 1906 zu St. Petersburg gebuer gouf.
Impressionnant Operenhaus zu Shanghai mécht deemnächst seng Dieren op
Am Oktober kann een un der Ostküst vu China, zu Shanghai, een neit Operenhaus bestaune mat Plaz fir bis zu 2.000 Leit.
Leopold Hager rett Salzburger Orchesterakademie mat 500.000€
"D'Musikalesch Ausbildung vu jonke Mënsche läit mer um Häerz!"
8. Editioun vun "Artistes en Herbe"
Lëtzebuerg ass nees op der Sich no neie Kompositiounen. Fir all Alter gëtt et beim Concours "Artistes en Herbe" eng Chance an d'Bün.
Moselmusikfestival mat 3 Stopps zu Lëtzebuerg
Dës Woch kann een direkt dräi verschidde Concerten am Kader vum Moselmusifestival am Grand-Duché erliewen. Entweder mat Kammermusik oder solistesch.
Aus Paavo Järvi gëtt Jaavo Pärt??
Wie vill schreift, kann sech och mol vertippen. Ee Feeler an engem Programmheft war awer fir den Dirigent Paavo Järvi esou immens amüsant, datt hien op Social Media reagéiert huet.
24. Editioun vum Diddelenger Uergelfestival
Och an der 24. Editioun vum Festival International d’Orgue de Dudelange steet d’"Mamm vun den Instrumenter" am Zentrum, begleet vun deem een oder aneren Highlight.
Viru 60 Joer - Aweiung vun der neier Metropolitan Opera zu New York
Mat méi wéi 200 Virstellungen an 800.000 Visiteure pro Joer, ass d'Metropolitan Opera (New York) eent vun de gréissten Operenhaiser weltwäit. De Start viru 60 Joer war awer holpreg