Stellt Iech vir, Dir spadséiert duerch Salzburg op de Spuere vum Mozart, rechent vläicht och mat där enger oder anerer Statu vum Wiener Klassiker– an op eemol gesitt Dir net een, mee gläich 300 gëlle Mozarte virun Iech stoen. Am Mirabellegaart an op nach e puer anere Plaze suergen déi Mini-Mozarten zu Salzburg am Moment fir Gespréichsstoff.
Déi 50 cm grouss Gold-Figure goufe vum Konzeptkënschtler Ottmar Hörl entworf. Et ass iwwregens net déi éischte Kéier, datt dëse Kënschtler esou eng Ausstellung mécht: Fir dem Richard Wagner säin 200. Gebuertsdag goufen zum Beispill 500 Wagner-Figuren duerch Bayreuth verdeelt.
Fir den 270. Gebuertsdag vum Mozart sollen d’Leit elo dozou ugereegt ginn, sech op eng nei Aart a Weis mam berüümte Komponist auserneenzesetzen.
Et soll seng mënschlech Säit beliicht ginn. Déi 300 Mini-Mozarte sinn nämlech net eleng: Zu all Figur gehéiert och en Hond! Dem Mozart huet säi Liblingshond Pimperl – oder och Madame Pimperl - genannt, an ass dacks mat him am Mirabellegaart spadséiere gaangen.
Elo mécht hien dat dann an 300facher Ausféierung - woubäi schonn 2 vun de Figure geklaut goufen.
De Kënschtler Ottmar Hörl huet awer domat scho gerechent an huet am Virfeld ëm déi 100 Extra-Figuren ufäerdege gelooss. Wann d’Ausstellung opgeléist gëtt, also Enn August, kann een och op legalem Wee un e goldene Mozart kommen – da ginn d’Figuren nämlech verkaf.