Haut (24.7.) ass den offizielle Startschoss vun de Bayreuther Festspiller 2026. Gefeiert ginn net just den 150. Anniversaire vun de Festspiller, mee och zwou nei Produktiounen. Eemol d'Wagner-Oper "Rienzi", déi bis ewell nach ni zu Bayreuth ze gesi war, wéi dann och de "Ring des Nibelungen", deen dëst Joer mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz (K.I.) realiséiert gëtt.
Wat eigentlech een Alleinstellungsmerkmal vu Bayreuth wier, kann awer deemnächst och op anere Plazen ze gesi sinn.
D'Katharina Wagner, d'Cheffin vun de Bayreuther Festspiller an Urenkelin vum Richard Wagner, wëllt d'Produktioune vu Bayreuth nämlech an Zukunft och un aner Haiser weiderginn, verléinen oder esouguer verkafen. Dat geet aus engem Interview mat "Die Welt" ervir. Et misst een d'Konzept vun de Festspiller "méi nohalteg denken" an ee selwer als Organisateur och "konkurrenzfäeg bleiwen a mussen".
Domat wier garantéiert, datt Bayreuth an de kommenden Joren ee méi villfältege Programm mat Neiproduktiounen ubidde kéint. Elo scho gouf annoncéiert, datt ee fir d'Editioun 2027 de "Parsifal" a "Lohengrin" vum Richard Wagner nei inzenéiere wéilt.