Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Hector Berlioz (arr. Hubert Léonard) - Marche hongroise aus 'La Damnation de Faust' fir Gei a Piano - Natasha Korsakova (Gei), Ira Maria Witoschynskyj (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Erwaardungen an Hoffnungen

D'Vue vun de Musekerinnen a Museker op de Luxembourg Classical Meeting 2021

Kläng aus dem héijen Norden

De Komponist Jean Sibelius ass den 20. September 1957 gestuerwen.

Erwaardungen an Hoffnungen

D'Vue vun de Musekerinnen a Museker op de Luxembourg Classical Meeting 2021

Hommage un de Grand-Duc Jean

Éischte Concert vun der Saison vun de Solistes Européens Luxembourg, den 20.9.2021
Siwen nei Gesiichter am OPL

Siwen nei Gesiichter am OPL

Mam éischte Concert dës Saison huet den OPL seng nei Orchesterakademie lancéiert.

Eng Kreatioun fir den éischte Concert vun der Saison

Concert-apéritif vun den Amis de l'OPL mat engem Blechquintett vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg (19.9.2021)
De Beethoven entschëllegt sech

De Beethoven entschëllegt sech

Am éischten handschrëftleche Bréif vum Komponist, dee bis haut erhalen ass, geet et ëm d'Suen.

Luxembourg Classical Meeting

Den 16. an de 17. September proposéiert Kultur | lx der klassescher Musekszeen aus dem Grand-Duché eng Plattform an der Philharmonie.

"Wunderkinder der Musikgeschichte"

D'MozartWochenEifel 2021 vum 31. Oktober bis de 26. November

Russian Mood

Den Debut-Album vum Cellist Benjamin Kruithof

Dvorak, Wagner, Sibelius ...

D'Saison 2021/2022 vun der Deutsche Radiophilharmonie Saarbrücken Kaiserslautern

Den Engelbert Humperdinck

De Komponist vum Mount September 2021 um radio 100,7

Canto Ostinato

De Victor Kraus Group spillt de 17. September 2021 am Kader vun de Musikfestspiele Saar.
Dvorak, Wagner, Sibelius ...

Dvorak, Wagner, Sibelius ...

D'Saison 2021/2022 vun der Deutsche Radiophilharmonie Saarbrücken Kaiserslautern
De Fiasko "Benvenuto Cellini"

De Fiasko "Benvenuto Cellini"

D'Première vum Hector Berlioz senger Oper war den 10. September 1838.
Dvorak, Wagner, Sibelius ...

Dvorak, Wagner, Sibelius ...

D'Saison 2021/2022 vun der Deutsche Radiophilharmonie Saarbrücken Kaiserslautern

Leipziger Mörderquartett

E Kriminalroman am Beräich vun der klassescher Musek vun der Tatjana Böhme-Mehner
De Ritter a säi Schwan

De Ritter a säi Schwan

Den 9. September 1846 fänkt de Richard Wagner mat der Instrumentatioun vu sengem "Lohengrin" un.

Leipziger Mörderquartett

E Kriminalroman am Beräich vun der klassescher Musek vun der Tatjana Böhme-Mehner

"Ariadne auf Naxos" zu Saarbrécken

D'Oper vum Duo Strauss-Hofmannsthal huet e Sonndeg, 12. September 2021, um 18:00 Auer Première am Staatstheater.