Die Sehnsucht nach dem Süden

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De 4. November um 19h30 spillen d’Solistes Européens, Luxembourg (SEL) e Concert ënner dem Motto “Sehnsucht nach dem Süden” am grousse Sall vun der Philharmonie. Mat dobäi ass déi lëtzebuergesch afro-kubanesch Band Pepino Caliente. Um Programm: Bossa Nova, Mambo awer och Jazz an d'Italienne vum Felix Mendelssohn Bartholdy. De Pierre Kremer, Trompettist vun der Band, huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wat hie besonnesch un der südamerikanescher Musek begeeschtert a wat de Numm vun der Band eigentlech bedeit. De Serge de Cillia, delegéierten Administrateur bei de Solistes Européens, Luxembourg, erkläert wat en "Jeans Concert" ass a wéi d'SEL ëmmer nees versichen innovativ ze sinn.


Tickete ginn et um Internetsite vun de Solistes Européens, Luxembourg.


Episoden

Fir den Optakt geet et op Wien

Fir den Optakt geet et op Wien

E Sonndeg (7.1.2018) fänken d'Rencontres musicales de la Vallée de l'Alzette un.

De Gottfried von Einem

De Komponist vum Mount Januar um radio 100,7

Mat der Csárdásfürstin an d'Joer 2018

Den Neijoerschconcert an der Philharmonie

Succès fir den Dirigent Nuno Coelho

De portugisesche Museker gewënnt den internationale Concours zu Barcelona.

D'Kiischt um Kuch

D'Flüttistin Hélène Boulègue hëlt hir éischt CD op.

Waasser an der Deutschen Oper Berlin

Eng defekt Sprinkleranlag stoppt de Betrib.

E Mann fir Laangzäitprojeten

Den estneschen Dirigent Paavo Järvi ass 2018 Artist in Residence an der Philharmonie.

Musek fir ënnert de Chrëschtbeemchen

Nei CD mam Orchestre National de Lorraine

D'Feierdeeg um radio 100,7

Mat engem ofwiesslungsräiche Programm begleede mIr iech iwwert d'Chrëschtdeeg.

Musek fir ënnert de Chrëschtbeemchen

D'Goldberg Variatiounen vum Duo Iglika Marinova a Marco Kraus
Concert op Stiefesdag

Concert op Stiefesdag

D'Brass Band vum Escher Conservatoire mat der Saxophonistin Jessica Quintus spillt an der Dekanatskierch zu Esch.

Musek fir ënnert de Chrëschtbeemchen

"Echoes through Space and Time" vum Claudia a Grégory Moulin

E Musical mat historeschem Hannergrond

"Evita" bis den 31. Dezember op der Affiche vum Stater Theater

Musek fir ënnert de Chrëschtbeemchen

Piano Works vun der Komponistin Tatsiana Zelianko

E fulminante Schluss

Le Concert Lorrain proposéiert déi éischt an déi dräi lescht Kantaten aus dem Johann Sebastian Bach sengem Weihnachstoratorium.

Musek fir ënnert de Chrëschtbeemchen

Bruckner, Schostakowitsch a Ravel: Dräi Komponisten op dräi CDe vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg

E Concert fir matzesangen

De Pierre Cao dirigéiert beim Chrëschtconcert an der Philharmonie souwuel den Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, wéi och de Publikum.

Musek fir ënnert de Chrëschtbeemchen - Cathy Krier

Debussy - Szymanowski

Lucilin kritt een Export-Präis vu MusicLX

All Joer kréint den Export-Büro MusicLX zesumme mam Kulturministère déi Artisten, déi sech am beschten am Ausland verkaf hunn.

Songs of Hope am CAPE

Mam Cor Infantil Amics de la Unió an de Choeurs des Jeunes du Conservatoire du Nord