Resonanzen
Lëtzebuerger Young Artist of the Year an nei Produktiounen
60 min

1) Benjamin Kuithof gewënnt bei den ICMA
Op Nominatioun vum radio,7 an opus 100,7 gouf de Benjamin Kruithof vum Jury vun den ICMA erausgesicht. Dëse Jury setzt sech Vertrieder vun 19 Medien aus 16 verschiddene Länner zesummen. Lëtzebuerg ass zweemol dora vertrueden: eng Kéier duerch de radio 100,7 an eng Kéier duerch den ICMA-President Remy Franck, Chefredakter an Inhaber vu pizzicato.lu. Bewäert gi bei dësem Präis keng Krittären wéi Verkafs-, oder Streamingzuelen, mee et geet reng ëm déi musikalesch Qualitéit. Fir de jonken Cellist koum d'Nouvelle, datt hien de Präis vum Young Artist of the Year gewënnt, iwwerraschend.
Den 19. Mäerz 2025 ass zu Düsseldorf an der Tonhalle niewent der Präissiwwerreeschung och de groussen Gala-Concert, wou de Benjamin Kruithof als Solist mat den Düsseldorfer Symphoniker ënner der Direktioun vum Ádám Fischer optrëtt. Um Programm steet e Wierk vum Pjotr Ilitsch Tschaikowsky – engem Komponist, deem seng Musek den Cellist well op sengem Debutalbum mat der Nordwestdeutschen Philharmonie opgeholl huet, an deem seng Rococo Variatiounen hien am November 2024 an der Philharmonie an am CAPE zu Ettelbréck gespillt huet.
Vum Präis als Young Artist of the Years 2025, erwaart sech de Benjamin Kruithof virun allem eng gréisser Visibilitéit. Et wier eng Méiglechkeet sech als jonke Kënschtler virun engem internationale Publikum, viru Kritiker an och viru Concertsorganisateuren ze weisen.
Bei senge leschten zwee Concerten zu Lëtzebuerg ass de Benjamin Kruithof zesumme mam designéierte Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker opgetrueden, dem Martin Rajna. E Choix, iwwer dee sech den Cellist freet.
All Joer gi Produktiounen aus 16 verschiddene Kategorie bei den International Classical Music Awards geéiert. 374 Releasen vu 17 internationale Labele ware fir déi aktuell Editioun nominéiert. Do dernieft ginn et eng Rei Special-Awards. De Geiist Gidon Kremer gewënnt de Lifetime Achievement Award an den Dirigent García Alarcón ass den Artist of the Year. Déi ganz Lëscht mat de Gewënnerinnen a Gewënner fannt Dir iwwer den offizielle Site vun den ICMA.
2) Nik Bohnenberger: Neien Artistic Manager vum Ensemble Recherche
De Lëtzebuerger Komponist Nik Bohnenberger ass zanter Ufank vum Joer de neien Artistic Manager vum Ensemble Recherche. Zoustänneg ass hien ënner anerem fir d'Plange vum Programm, esou wéi fir d'Entwécklung vu neie Konzepter a Formater. De Komponist iwwerhëlt d'Plaz vum Paul Clift dee bis am Summer 2024 fir d'Tâche zoustänneg war.
Wéi den Ensembel an engem Communiqué matdeelt, wéilt den Nik Bohnenberger déi kënschtleresch Identitéit vum international unerkannten Ensembel zesumme mat de Musekerinnen a Museker stäerken. Dofir géif hie gären dem Ensembel seng laangjäreg Erfarung notzen an en oppenen Austausch mat der zäitgenësseger Musekszen encouragéieren. Gläichzäiteg huet hie wëlles, och weiderhin wichteg Impulser fir déi aktuell gesellschaftlech Entwécklungen ze fërderen.
De Freiburger Ensemble Recherche gëtt et zanter 1985 a besteet aus néng internationale Solistinnen a Solisten. De Kollektiv ass bekannt fir seng Experimenter am Beräich vun der Neier Musek. Si hu bei iwwer 1000 Uropféierungen an deene leschten dräi Jorzéngte matgewierkt a ronn 60 Alben opgeholl. Ënner anerem hat den Ensemble Recherche Optrëtter am Concertgebouw, an der Elbphilharmonie esou wéi bei Tournéeën a Concertshaiser an Nord- a Südamekika an Asien.
De Nik Bohnenberger huet ënner anerem Cor, Piano a Gesang, esou wéi Kammermusek, Harmonie a Kontrapunkt am Stater Conservatoire geléiert. Hien huet Musekspedagogie a Kompositioun op der Universität der Künste Berlin studéiert. Zanter 2010 ass hien als Komponist aktiv a kritt regelméisseg Commanden vun Ensemblen an Orchesteren wéi d'Kammerata Luxembourg, Estro Armonico oder och de Staatstheater Kassel.
Seng Kompositioune goufe schonn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, United Instruments of Lucilin an och am Ausland vum Brandenburgischen Staatsorchester Frankfurt-Oder interpretéiert. Eng vu senge rezente Kompositiounen, TRUC MACHIN gouf leschte Summer am IRCAM zu Paräis opgefouert. De Nik Bohnenberger ass zudeem och Matgrënner vum zäitgenëssege Berliner Kollektiv Unruhe.
3) Ee musikalesche Laangstreckelaf mam Gerd Schaller - Bruckner3
Lauschteren
2011 huet de Gerd Schaller säi Marathon lancéiert: fir d'Bruckner-Joer 2024, an deem de Komponist säin 200ten Gebuertsdag feiere géif, huet de Gerd Schaller sech virgeholl sämtlech Sinfonien a Fassunge mat sengem Orchester Philharmonie Festiva opzehuelen.
Um Enn wäert eng Box mat 30 CD'en zesummekommen. Als eng vun deene leschten huet de Gerd Schaller elo déi 3. Sinfonie erausbruecht.
De Lex Kauffmann huet zesumme mam Guy Engels an dës Produktioun eragelauschtert.
Episoden

Resonanzen
2 Lëtzebuerger Concerten an de Klassik Album vun der Woch

Dräi nei Alben an de Pianosfestival Ravel +
D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Klassikwelt mam Marie Trussart.

Zwee nei Lëtzebuerger Disken an zwou Concertsrecommandatiounen
D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Klassikwelt mam Christophe Mirkes.

Lëtzebuerger Young Artist of the Year an nei Produktiounen
De Lex Kauffmann begleet Iech mat Musek an News aus der Klassik duerch de Sonndeg-Nomëtteg.

E Gebuertsdag an eng grouss Neiegkeet
D'Marie Schockmel begleet duerch Resonanzen.

Klassesche Start mat Resonanzen an d'Joer 2025
Den Neijoerschconcert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker live um 100,7/ Lëtzebuerger Produktiounen aus 2024 / Hanner den Téin - Episod 2 mat der Cathy Krier / RMVA 2025, d'Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette

Lëtzebuerger Alben am Réckbléck
An der leschter Emissioun vum Joer presentéiert d'Klassikredaktioun hir Coup-de-Coeuren aus 14 verschidde Lëtzebuerger Disken.

Chrëschtdags-Stëmmung, nei Produktiounen an ee Lëtzebuerger Uergelbauer zu Paräis
Resonanzen mam Lex Kauffmann

Noël en lumière 2.0, Chrëschtprogramm um opus an eise Klassik-Album vun der Woch
D'Marie Schockmel féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech schonn a Chrëschtdagsstëmmung.

D'Finalisten a Finalistinnne vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe
D'Marie Trussart féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech a Chrëschtdagsstëmmung.

Resonanzen
De Christophe Mirkes féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik. Och vum opus 100,7 gëtt et Neiegkeeten: en neie Podcast!

rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent
E Bléck op d'Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik.

Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist
E Réckbléck op de Prix Anne et Françoise Groben 2024, ee Concert mat engem jonke Pianist, an den neie Klassik Album vun der Woch

Zwee Concoursen an eng impressionistesch Komponistin
E Bléck op déi 40. Editioun vum Concours Jeunes Solistes vun der UGDA, de Prix Anne & Françoise Groben an den neie Klassik Album vun der Woch

Resonanzen
En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik

En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der klassescher Musek
D’Kammerata Lëtzebuerg, den Ensembel Lucilin op den Donaueschinger Musiktage, Live-Musek aus der Philharmonie ian eng nei "The Dora Journey"-Podcast-Folleg

Resonanzen mam Christophe Mirkes
En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik mam Christophe Mirkes.


Resonanzen
Resonanzen op Pappendag

Wou sinn d'Fraen an der klassescher Musek?
Ënner anerem ëm dës Fro geet et an dëser Episod.
- 1
- 2