Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Johann Sebastian Bach - Concerto fir zwou Geien a Ré Mineur, BWV 1043, I. Vivace - Isabelle Faust (Gei), Christoph Poppen (Gei), Bach-Collegium Stuttgart, Helmuth Rilling (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Christophe Hansen soll neien EU-Kommissär ginn

Elo offiziell

Christophe Hansen soll neien EU-Kommissär ginn

D’Ursula von der Leyen huet de Moien d’Lëscht vun den nominéierten EU-Kommissären op den Dësch geluecht. Kuerz no enger Entrevue mat de Cheffe vun de Fraktiounen am Europaparlament ass si virun d’Press getrueden. De Christophe Hansen soll deemno EU-Kommissär fir d’Landwirtschaft ginn - hie soll eng Visioun fir d’Landwirtschaft an d’Liewensmëttelen an den éischten 100 Deeg entwéckelen.

auto_stories

3 min

Christophe Hansen (Foto: Archiv)

D'Lëscht mat all de Kommissärskandidat:innen

D’Kommissioun soll sechs sougenannten “Executive Vizepresidente” kréien. Ënnert hinnen si véier Fraen - dat als Zeechen dofir, datt an dëser neier Kommissioun mat 11 Fraen a 16 Männer d’Paritéit net erreecht gouf. Déi wichtegst Roll vun deene Vizepresidente wier d’Koordinatioun vun de verschiddenen Portefeuillen, sou d’Ursula von der Leyen. 

Den Italieener Raffaele Fitto, dee vun der italieenescher Premierministerin Georgia Meloni nominéiert gouf, soll och ee vun deenen héije Posten hunn. Dat war am Virfeld ëmstridden a gouf virun allem vun de Sozialisten, Liberalen a Grénge kritiséiert. Den Italieener ass fir d’Kohäsioun an EU Reforme virgesinn.

Slowenien huet nach ëmmer net offiziell seng Kandidatin genannt. Si wier awer zouversiichtlech, datt dat geschwë geschitt, sot och nach d’Kommissiounscheffin.

De Lëtzebuerger Premier ass zefridde mat der Nominatioun vum Christophe Hansen

De Luc Frieden huet an enger éischter Reaktioun vun enger "gudder Nouvelle fir Lëtzebuerg" geschwat. Dat well d’Ursula von der Leyen de Lëtzebuerger Kandidat Christophe Hansen als EU-Kommissär fir de Ressort Landwirtschaft an Ernärung proposéiert huet. "Dat ass ee vun de wichtegste Posten an der Europäescher Kommissioun", esou de Lëtzebuerger Regierungschef a senger Deklaratioun kuerz viru Mëtteg virum Staatsministère. Dat wier eng Unerkennung fir Lëtzebuerg a fir de Profil vum Christophe Hansen.

"Well doduerch, datt den Här Hansen an d’Kommissioun geet, réckelt bei der CSV eng Fra no, d.h. mir hunn dräi Fraen am Europaparlament, an dräi Männer."

Fir de Christophe Hansen wäert déi Drëttgewielten op der CSV-Lëscht bei den Europawalen, d’Martine Kemp am Europaparlament noréckelen. Si war am Oktober 2023 do schonn eng Kéier fir de Christophe Hansen nogeréckelt.

Ronn 40 Prozent Frae bei den Nominéierte fir an déi nei EU-Kommissioun wier no bei der Paritéit, esou op eis Nofro de Luc Frieden.

D'EU-Kommissäre representéieren net hiert Land, mee d'EU

Mat dëser Decisioun vun der EU-Kommissiounspresidentin ass dann elo och kloer, datt den Nicolas Schmit net Deel vun der Kommissioun wäert sinn. Op eis Nofro, ob si sech mat de Sozialisten, déi dat jo gefuerdert haten, wéilt uleeën a firwat si engem klenge Land wéi Lëtzebuerg grad den Agrar-Dossier wollt uvertrauen, äntwert d’CDU-Politikerin, datt d‘Kommissären net hirt d’Land, mee d’EU géife representéieren.

Dowéinst kéint een - egal aus wéi engem Land ee kënnt - eng wichteg Roll an der Kommissioun spillen, sou d’Ursula von der Leyen. Fir de Recht wier et un de Memberlänner ee Kandidat ze nennen. Si kéint mat hinnen diskutéieren, mee si géifen um Enn selwer decidéieren.

Kommissärskandidate mussen nach guttgeheescht ginn

De Christophe Hansen hätt Kenntnis vun deem Dossier, sot d’Ursula von der Leyen och nach. D‘Resultat vun engem strategeschen Dialog tëscht verschiddenen Acteure soll als Basis fir seng Aarbecht gëllen. Hie soll an den éischten 100 Deeg ee Programm presentéieren.

Fir d‘éischt awer muss de Christophe Hansen wéi all déi aner, déi elo op där Lëscht stinn, vum Parlament gutt geheescht ginn.

Lauschterenplay_arrow