Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Johann Sebastian Bach - Concerto fir zwou Geien a Ré Mineur, BWV 1043, I. Vivace - Isabelle Faust (Gei), Christoph Poppen (Gei), Bach-Collegium Stuttgart, Helmuth Rilling (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Haut soll déi nei Ekipp vun der EU-Kommissioun presentéiert ginn

Europäesch Unioun

Haut soll déi nei Ekipp vun der EU-Kommissioun presentéiert ginn

Haut soll d'Ursula von der Leyen d’Ekipp vun där nächster Europäescher Kommissioun presentéieren. Si huet de Moie Rendez-vous am Europaparlament mat de Cheffe vun de politesche Fraktiounen.

auto_stories

1 min

Europäesch Kommissioun | © EC - Audiovisual Service
Foto: EC - Audiovisual Service

D'Parlament bräicht déi vollstänneg Lëscht vun de Kommissären a Kommissärinnen, fir kënnen déi nächst Etapp, also d'Auditioune vun deene Kandidaten ze preparéieren, esou de Méindeg eng Spriecherin vum Europaparlament.

Et wier awer un der Kommissiounspresidentin ze decidéieren, wat si haut genee annoncéiert.

Et ass nämlech net kloer, ob déi Lëscht scho komplett ass - ënner anerem well Slowenie säi Kandidat zeréckgezunn hat, an déi nei Kandidatin nach net offiziell genannt gouf.