Radioen

On air

Notturno  |  Arash Safaian - Concerto fir P., Vibraph. a Synth. Nr.1 "Infinite Games", IV. Prelude - Sebastian Knauer (Piano), Pascal Schumacher (Vibr.), Zürcher Kammerorchester

play_arrow Live
opus

/ De Fernand Kartheiser fuerdert, datt am EU-Parlament och Lëtzebuergesch soll geschwat ginn

EUROPAPARLAMENT

De Fernand Kartheiser fuerdert, datt am EU-Parlament och Lëtzebuergesch soll geschwat ginn

Den EU-Deputéierte vun der ADR Fernand Kartheiser fuerdert, datt an Zukunft an der Plenière vum Europäesche Parlament ka Lëtzebuergesch geschwat ginn. Deemno sollten d’Iwwersetzer als Basis virdrun d’Texter op Franséisch, Englesch oder Däitsch virgeluecht kréien, fir dës da weider iwwersetzen ze kënnen, sou de Wonsch vum Member vun den Europäesche Konservativen de Méindeg op enger gemeinsamer Pressekonferenz vun den Lëtzebuerger EU-Deputéierten.

auto_stories

2 min

Fernand Kartheiser | © Chris Zeien
Foto: Chris Zeien

De Fernand Kartheiser hätt och schonn éischt Schrëtt dofir ënnerholl, andeems hien d’lescht Woch mat der Presidentin Roberta Metsola iwwer seng Fuerderung geschwat huet.

D‘Presidentin vum Europaparlament hätt „positiv“ op seng Propos reagéiert, sou de Fernand Kartheiser, mee si wéilt, datt och de Premier Luc Frieden dës Propos ënnerstëtzt, ier si eng Decisioun géif huelen. De Fernand Kartheiser seet, hien hätt de Premierminister bis elo nach erreecht.

De Fernand Kartheiserplay_arrow

Mir loossen den Här Frieden awer net domat a Rou, weder an der Chamber nach wäert ech et maachen. Bis datt den Här Frieden da seet ob déi Regierung sech dann och zur Lëtzebuerger Sprooch bekennt oder net. Am Moment mécht si et net. En huet sech nach net gemellt.”

Marc Angel: Esou eng Demande misst vun der Regierung formuléiert ginn

De Fernand Kartheiser huet de Méindeg och nach annoncéiert, mam LSAP-Europadeputéierten Marc Angel a senger Funktioun als Quästor doriwwer schwätzen ze wëllen. Deen huet op eis Nofro hi preziséiert, als Quästor vum Europaparlament guer net zoustänneg fir déi Fro ze sinn.

Et géif am Europaparlament ee Vizepresident ginn, dee sech em Multilinguismus bekëmmert. Eng formell Demande, fir Aussoen an enger anerer wéi deenen offiziellen EU-Sproochen ze maachen, misst allerdéngs vun der nationaler Regierung kommen, sou den LSAP-Europadeputéierte virun. Fir d'lescht hätt Spuenien esou eng Demande gemaach, doriwwer gouf awer nach keng Decisioun geholl.