Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Carl Davis - The Wedding March Suite, II. Ave Maria - The City of Prague Philharmonic, Carl Davis (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Eclat an der EU-Kommissioun: Den Thierry Bretron demissionéiert - Franséischen Ausseminister gëtt neie Kandidat

Mat Effet immédiat

Eclat an der EU-Kommissioun: Den Thierry Bretron demissionéiert - Franséischen Ausseminister gëtt neie Kandidat

De franséischen EU-Kommissär Thierry Breton huet de Moien seng Demissioun agereecht. Dat mat “effet immédiat”, wéi hien an engem Bréif un d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen schreift. Den Emmanuel Macron huet kuerz drop och schonn een neie Kandidat proposéiert.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© picture alliance / ROPI | Michailidis/EUC play_arrow
Foto: picture alliance / ROPI | Michailidis/EUC

Am Schreiwes vum Thierry Breton, wat hien op der Platform “X” publizéiert huet, reprochéiert hien der Kommissiounspresidentin, si hätt hien hannergaangen. De Fransous war vum Emmanuel Macron als Kandidat fir déi nächst Kommissioun genannt ginn. D'Ursula von der Leyen kréich elo een anere Kandidat proposéiert, sou den Thierry Breton.

Muer soll d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, déi jo een zweet Mandat un der Spëtzt vun der Europäescher Kommissioun ustrieft, hir nei Ekippe presentéieren. Deen Exercice schéngt duerch dës Demissioun awer elo nees méi komplizéiert ze ginn. 

Krämpes, eng nei Ekipp zesummenzestellen

D’Demissioun vum Thierry Breton ass - dat kann ee soen - een Eclat zu Bréissel. D’Kommissiounspresidentin huet Krämpes hir Ekippen zesummenzestellen, an elo erhieft ee vun deenen, déi als séchere Kandidat gegollt hunn, schwéier Kritik un der Kommissiounscheffin.

Den Emmanual Macron hat de 29. Juli den aktuellen EU-Kommissär fir de Bannemarché als Kandidat fir déi nächst Kommissioun proposéiert. D’Ursula von der Leyen hat zwar vun de Länner zwee Nimm, also eng Fra an ee Mann gefrot, dobäi awer betount, datt dat just fir Länner gëllt, déi nei Kandidaten nennen, net also fir déi, déi deen nämmlechten an d’Course schécken.

Trotzdeem hätt si, sou den Thierry Breton a sengem Bréif, de franséische President gefrot, dee Kandidat zeréckzezéien, an d’Ursula von der Leyen hätt Frankräich am Géigenzuch ee méi wichtege Portfolio offréiert.

Emmanuel Macron proposéiert de Stéphane Séjourné

Si hätt dat gemaach, ouni mat him Récksprooch ze halen. Dës nei Entwécklung wier eng weider Preuve dofir, datt een hir Gouvernance a Fro stelle kann, sou de Fransous virun un d’Adresse vun der Ursula von der Leyen. Dowéinst kéint hien net weider EU-Kommissär sinn a géif mat “effet immédiat” demissionéieren.

Eng Demissioun, déi elo een Dag virun der geplangter Presentatioun vun där neier Ekipp kënnt. Eng Annonce, déi souwisou schonn net méi als sécher gegollt huet, well Slowenien nach keng nei Kandidatin genannt huet. Dat nodeems d’Kommissiounscheffin verschiddene Medien no och hei den éischte scho confirméierte Kandidat net wollt an een neie Numm gefrot hat.

Kuerz no der Demissioun vum Thierry Breton huet den Emmanuel Macron dunn annoncéiert, de Stéphane Séjourné als EU-Kommissär ze proposéieren. De Stéphane Séjourné ass zënter Januar 2024 franséischen Ausseminister a Generalsekretär vum Macron senger Partei "En marche".

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Europa