Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Dmitri Schostakowitsch - Scherzo fir Orchester a Fa Mineur, Op. 1 - Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, Gustavo Gimeno (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ D'Nathalie Oberweis ass vu September un net méi am Stater Gemengerot

déi Lénk

D'Nathalie Oberweis ass vu September un net méi am Stater Gemengerot

D‘Nathalie Oberweis verléisst am September de Stater Gemengerot. Dat schreift d‘Land vun haut. D‘Conseillère vun de Lénke sot der Zeitung, si géif vum Hierscht u Vollzäit am Lycée Ermesinde schaffen a wéilt sech neien Erausfuerderunge stellen.

auto_stories

1 min

Den David Wagner, deen aktuell schonn Deputéierten um Krautmaart ass, géif d'Mandat iwwerhuelen, schreift d'Land. Hie war bei de Gemengewale vum leschte Juni deen Zweeten op der lénker Lëscht an der Stad ginn.