Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Franz Schubert - Schwanengesang, D. 957, Nr.4, Ständchen - Jean-Nicolas Diatkine (Piano)

play_arrow Live
opus

/ ULC kritiséiert d'Präishausse beim SIDEC a kann d'Argumentatioun net verstoen

Konsumenteschutz

ULC kritiséiert d'Präishausse beim SIDEC a kann d'Argumentatioun net verstoen

De Konsumenteschutz kritiséiert déi rezent Präishausse beim Offallsyndikat SIDEC. Deen huet réckwierkend op den 1. Juli d‘Tariffer fir d‘Poubellen ëm 60 Prozent erhéicht. D'ULC kann dem SIDEC säin Argument awer net novollzéien.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: SIDEC

D'Präishausse wier ënner anerem néideg gewiescht, well d‘Energiekäschte geklomme sinn, esou d’Argument vum SIDEC. Der ULC no wier sou eng Präishausse awer net justifiéiert. De Konsumenteschutz schwätzt vun Tarifwucher. 

ULC fuerdert eventuell Remboursementer

Datt sech mat Dreck Sue verdénge léisst, wier näischt Neies. Mee mat den neitste Präishaussë beim SIDEC géif dëse Phenomeen een neien Niveau erreechen, esou de Konsumenteschutz an engem Communiqué.

D’ULC fuerdert eng onofhängeg Iwwerpréiwung, fir sécher ze stellen, datt déi Präishausse vu 60 Prozent justifiéiert ass. A wa si justifiéiert wier, da fuerdert d‘ULC, datt d‘Tariffer dann etappeweis eropgesat ginn. Wann dat net de Fall wier, da missten déi ronn 140.000 Bierger, déi betraff sinn, d‘Suen erëmkréien.

Virun allem wier méi Transparenz an der Käschtekultur vum SIDEC néideg, seet den Direkter vum Konsumenteschutz Nico Hoffmann.

“Ech mengen, do ass eng absolutt Transparenz par rapport zum Bierger absolutt néideg, wat déi Erhéijung da rechtfertegt. Ech mengen, do hunn d’Leit jo nach guer keng Zuelen oder Unhaltspunkte kritt.” 

2015 "ganz kloer eng Arnaque"

De SIDEC justifiéiert dës Präishausse mat héijen Defiziter an de leschte Joren. Eleng 2023 hätt den Offallsyndikat ronn 4 Milliounen Euro Verloschter gemaach. Mee dës Zuele géife sech net iwwerpréiwe loossen, behaapt d’ULC. Dofir léisst de Konsumenteschutz dëst Argument net gëllen. Ausserdeem géif de SIDEC behaapten, zënter 2015 keng Tariferhéijung méi duerchgesat ze hunn. Dat ass der ULC no awer net ganz wouer.

“Ech mengen, dat ass jo nëmmen déi hallef Wourecht. Do muss ee jo och kucken, datt deemools d’Müllabfuhr all Woch komm ass, an elo just nach all 2 Wochen. Dat ass fir eis ganz kloer eng Arnaque, eng Präiserhéijung gewiescht.” 

De Konsumenteschutz fuerdert den Offallsyndikat dozou op, senger Verantwortung géintiwwer de betraffenen 45 Gemenge gerecht ze ginn. D’ULC wëll mam SIDEC a Kontakt trieden, fir iwwer dës Tarifpolitik ze schwätzen, sou nach den Nico Hoffmann.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik