Radioen

On air

Notturno  |  Claude Debussy - Sonat fir Cello a Piano - Armance Quéro (Cello), Joseph Birnbaum (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Nom Kommentar vum Alain Hoffmann op Facebook: Dräi LSAP-Memberen hunn och eng Plainte gemaach

Facebook Post

Nom Kommentar vum Alain Hoffmann op Facebook: Dräi LSAP-Memberen hunn och eng Plainte gemaach

No der Spriecherin vun déi Lénk hunn elo och Membere vun der LSAP Plainte gemaach nom Kommentar vum fréieren ADR-Member Alain Hoffmann ënnert engem Facebook-Post. Déi Meldung vu L‘essentiel confirméiert den LSAP-Co-Parteipresident Dan Biancalana op Nofro hin.

auto_stories

1 min

Nieft him hunn och d‘Co-Parteipresidentin Francine Closener an d‘LSAP Gemengeconseillère vun Diddeleng, Fabienne Dimmer, Plainte gemaach.

Den Alain Hoffmann hat op der Facebook-Säit vun RTL geschriwwen “Et sollen emol Lénker erstach ginn“. Hien hätt doropshi selwer décidéiert, aus der ADR auszetrieden, esou d‘Parteipresidentin Alexandra Schoos am 100,7 Interview