Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Frédéric Chopin - Introduction & Polonaise brillante, Op. 3 - István Várdai (Cello), Julien Quentin (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Wuermer CSV-Député-maire Max Hengel ass gestuerwen

Am Alter vu 47 Joer

Wuermer CSV-Député-maire Max Hengel ass gestuerwen

De Buergermeeschter vu Wuermer an Deputéierte Max Hengel ass dout. Den CSV-Politiker ass just 47 Joer al ginn. Hien ass u Kriibs gestuerwen.

auto_stories

2 min

Den CSV-Deputéierten Max Hengel ass am Alter vu 47 Joer u Kriibs gestuerwen. Dat huet den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz dem radio 100,7 op Nofro hi confirméiert. De Max Hengel war bekannt dofir, oppen iwwert seng Krankheet ze schwätzen.  

De Max Hengel souz zënter 2022 fir déi chrëschtlech sozial Partei um Krautmaart. Fir d'éischt war hien nogeréckelt, mee gouf bei de leschte Walen als Deputéierte confirméiert. De Max Hengel war awer och Buergermeeschter vun der Gemeng Wuermer. Zënter Juli 2023 war hien erëm op deem Posten, nodeems hien e schonn tëschent 2017 an 2020 hat.

Reaktioun vum Luc Friedenplay_arrow

Viru senger Deputéiertenzäit huet de Max Hengel laang Joren an der CSV-Fraktioun geschafft. 

Nächstgewielten op der CSV-Lëscht am Osten ass de Ricardo Marques vun Iechternach.

Reaktioun vum Marc Spautzplay_arrow