Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Franz Schubert - Schwanengesang, D. 957, Nr.4, Ständchen - Jean-Nicolas Diatkine (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Martine Hansen: Kontrolle vun Déierepensioune mussen eventuell verschäerft ginn

Landwirtschaftsministère reagéiert

Martine Hansen: Kontrolle vun Déierepensioune mussen eventuell verschäerft ginn

Nom Doud vu 5 Muppen an enger Hondspensioun reagéiert de Landwirtschaftsministère. Et wéilt ee méi transparent maachen, wéi eng Autorisatioune benéidegt ginn, esou d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen op eis Nofro hin.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: SIP / Claude Piscitelli

Hannergrond ass d’Fuerderung vun der Déiereschutzorganisatioun Frida, datt de Staat d’Responsabilitéit vun de Kontrolle vun Déierepensiounen iwwerhuele soll. 

Martine Hansen: "Méi transparent informéieren"

Un zwou Schrauwe géif elo, nom tragesche Virfall an enger Hondspensioun am Süde vum Land, gedréint ginn, esou d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen. 

Wichteg wier virun allem méi Transparenz. An hiren Ae géife vill Déierepensioune mengen, eng Autorisatioun vum Wirtschaftsministère, fir e Commerce opzemaachen, géif duergoen. 

"Dat heescht, do wäerte mir nach zousätzlech informéieren, datt dat méi transparent informéiert gëtt, datt d’Leit och wëssen, datt een op der enger Säit vun der Ekonomie muss eppes hunn, fir Suen domat ze verdéngen. An op der anerer Säit vun der ALVA, vun eiser Veterinärsverwaltung, d’Autorisatioun mussen hunn, wou d’Haltungsbedingungen kontrolléiert ginn."

Déi concernéiert Déierepensioun am Süde vum Land hat nämlech eng Autorisatioun fir e Commerce ze bedreiwen, mee keng vun der ALVA, hat d’Veterinärsinspektioun an engem Communiqué matgedeelt.

Feelt et un Déierepensiounen?

D’ALVA geet bei all Demande d’autorisation op d’Plaz a kuckt sech d’Pensioun un, ob genuch Plaz a Personal do ass, an ob déi déi néideg Formatiounen hunn. Et misst driwwer nogeduecht ginn, déi Kontrollen ze verschäerfen, esou d’Martine Hansen.

"An dësem Fall wousste mir net, datt déi Pensioun do war, a wa mir net wëssen, datt eng Pensioun do ass, a wa mir net gemellt kréien, datt do vläicht Zweiwel sinn, dann ass et schwiereg, dat erfaasst ze kréien. Mir mussen eis do nach ee bessere Mechanismus afale loosse fir datt d’Zännrieder besser anenee gräifen."

Esou schlëmm Virfäll missten an Zukunft nämlech verhënnert ginn, esou d’Martine Hansen. De Problem an hiren Ae wier och, datt et net genuch Hondspensiounen am Land géife ginn.

"Ech denken, datt et wichteg ass, datt mir eis och mat deene Leit mol zesumme setzen, och vläicht wou et hapert, well ech menge wierklech, datt et der net genuch ginn. Vläicht ginn et der doduerch och vill, wou mir et net wëssen."

Wann d’ALVA bis vun esou enger Pensioun Bescheed weess, da géife si dofir suergen, datt déi Pensioun reglementéiert a kontrolléiert ginn, esou nach d’Martine Hansen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik