Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Isaac Albéniz - Suite Española, Op. 47, Asturias - Juan Carlos Fernández-Nieto (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Déi zwou jéngst Buergermeeschteschen zéien een éischte Bilan

Jill Goeres a Sophie Diderrich

Déi zwou jéngst Buergermeeschteschen zéien een éischte Bilan

Mat grad emol 22, respektiv 26 Joer, leeden d’Jill Goeres zu Bech an d’Sophie Diderrich zu Noumer d’Geschécker vun hire Gemengen. No e bësse méi wéi engem Joer am Amt ass de Bilan vun deenen zwou jéngste Buergermeeschteschen am Land am grousse Ganze positiv. De Pit Beffort huet mat hinnen iwwer hir éischt Erfarunge geschwat.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
D'Jill Goeres (lénks) an d'Sophie Diederrich (riets).

Artikel: Pit Beffort

Well sech d'lescht Joer bei de Gemengewalen zu Noumer manner Leit opgestallt haten, wéi Mandater zur Verfügung stoungen, war d'Sophie Diderrich scho virun den eigentleche Walen zur jéngster Buergermeeschtesch am Land ginn. Knapp zwou Wochen drop huet d'Jill Goeres aus der Gemeng Bech hir dësen Titel awer schonn nees ofgeholl gehat. Rose war d'Sophie Diderrich doriwwer awer net.

"Ech fannen dat guer net schlëmm. Am Géigesaz: Ech fannen dat gutt, dass Jonker sech mellen a si sech bereet fillen, sou vill Fräizäit awer ze afferen."

Spaass un der Aarbecht

Mëttlerweil fillen déi zwou Buergermeeschtesche sech op hiren neie Posten och scho richteg wuel. An dat obwuel een am Ufank am Fong guer net esou wierklech wousst, op wat ee sech do genee géif aloossen, erzielt d’Jill Goeres.

"Et geet ëm Schoulen, ëm Baugeneemegungen, ëm den Naturpark Mëllerdall, Veräinsliewen, an dat heescht, et ass eng immens grouss Vilfalt, wou ee vu vir eran net onbedéngt konkret dee Rôle vum Buergermeeschter eigentlech kann zesummefaassen."

Eng Roll huet dem Sophie Diderrich vun Noumer dobäi besonnesch gutt gefall.

"Wat positiv ass, dass ee ka Leit bestueden, dat ass wierklech flott. Sou hunn ech d'lescht Joer konnte mäi Brudder bestueden. An dat sinn awer Erënnerungen, déi awer bleiwen, déi och kee méi engem fort hëlt."

Mee och soss gefält dem Sophie Diderrich, datt een als Buergermeeschtesch an enger méi klenger Gemeng no bei de Leit ass, an hinne méi direkt kéint hëllefen. Allerdéngs och net ëmmer.

"Déi manner flott Saache sinn, wann ee muss Nee soen, wann ee sech och do muss un d'Gesetzer halen an da muss awer zu de Leit soen: 'Dat do kënne mir lo net sou maachen, well dat lo net sou geet.'"

Nëmme well hir Gemenge méi kleng sinn, hätten déi zwou Buergermeeschteschen awer net onbedéngt manner Aarbecht, fënnt d’Jill Goeres vu Bech. Doriwwer konnt si och virun e puer Wochen op engem éischten Treffe vun de jonke Buergermeeschter a Buergermeeschtesche mat hiren Homologe schwätzen.

"An do ass et ganz interessant ze gesinn, wéi de Rôle eigentlech ännert. Ech mengen, eng kleng Gemeng bréngt do mat, dass ee vill manner administratiivt Personal huet. Dat heescht, an der Funktioun vum Buergermeeschter oder och am Schäfferot geet een op vill méi Klengegkeeten an. Et geet ee vill méi an den Detail, wéi wann ee mat enger grousser Ekipp schafft. 

Vill Projeten am éischte Joer

Am éischte Joer haten déi zwou Buergermeeschteschen dann och direkt eng ganz Rëtsch u Projeten um Bureau leien. Zu Bech sinn ënner anerem en neit Gemengenhaus, Multisport-Terrainen an e Ruffbus geplangt.

Zu Noumer war dogéint den Télévie eng éischte Kéier zu Gaascht an de Projet fir eng nei Schoul soll iwwerschafft ginn.

"Soss nach Projeten hu mir nach e Gemengenatelier, deen um Lafen ass, wou mir hoffentlech d'nächst Joer an de Bau ginn. Dat sinn alles grouss Projeten. Finanziell muss een dann awer ëmmer nach kucken, dass een do nach iergendwéi eppes Klenges Rescht behält. Mee dat ass jo den Challenge am Fong."

Béid Buergermeeschtesche si mat verschiddenen Defie confrontéiert, mee e wierkleche Réckschlag gouf et fir si bis ewell nach net. A souguer wann dëse sollt kommen, da wëllen déi zwou jéngst Buergermeeschteschen aus dem Land dorausser léieren, fir et an Zukunft kënne besser ze maachen. Genuch Zäit bleift hinnen op alle Fall nach.

Lauschterenplay_arrow