Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Friedrich Burgmüller - Dräi Nocturnen, I. Andantino - Duo Marcanto

play_arrow Live
opus

/ Monnerecher Gemengerotsmember Steve Curfs demissionéiert aus der Piratepartei

Piratepartei

Monnerecher Gemengerotsmember Steve Curfs demissionéiert aus der Piratepartei

Et gëtt eng weider Demissioun aus der Piratepartei: De Steven Curfs, dee fir d‘Partei zu Monnerech am Gemengerot souz, deelt de Moie mat, datt hien d‘Partei verléisst. Hie wier net méi averstane mat der Manéier, wéi d‘Piratepartei gereiert a gefouert géif ginn.

auto_stories

1 min

De Steven Curfs wëllt vun elo un als onofhängege Gemengerotsmember am Monnerecher Conseil setzen. Déi Monnerecher Gemeng gëtt vun enger CSV-DP-Koalitioun ënnert dem Buergermeeschter Jeannot Fürpass gefouert.