Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  

play_arrow Live
opus

/ Déi Lénk: Den Debat iwwer d'Pensioune steet op wackelege Been

Annoncéiert Reform

Déi Lénk: Den Debat iwwer d'Pensioune steet op wackelege Been

Déi Lénk maache sech Suergen, datt den annoncéierten Debat iwwert d‘Zukunft vum Lëtzebuerger Pensiounssystem an eng geféierlech Richtung geet. Deen Debat stéing vun Ufank un, op ze wackelege Been, sou Déi Lénk hat op enger Pressekonferenz.

auto_stories

1 min

Déi zwou Pisten, déi sech elo erausschielen, wiere schlecht a si géifen op katastrophalen Projektioune berouen, nämlech op Projektiounen, déi sech bis elo nach ëmmer als falsch erwisen hätten.

Déi Lénk plädéiere fir e staarken, gerechten an nohaltege Pensiouns-Regim, amplaz d‘Depensen ze reduzéieren, missten endlech d‘Recetten eropgesat ginn An dofir proposéieren Déi Lénk, ënner anerem, fir de Plaffong vun de Cotisatiounen ofzeschafen an all Aarbechts-Elementer ze cotiséieren.

Eleng déi zwou Mesure géifen 800 Milliounen Euro zousätzlech u Recetten eraspillen. Déi Lénk sinn och dofir fir déi kleng Pensiounen un de soziale Mindestloun unzehiewen.