Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ D'Marchéen erwaarde sech eng weider Reduktioun vum Leetzëns

EZB-Rot kënnt zesummen

D'Marchéen erwaarde sech eng weider Reduktioun vum Leetzëns

Den EZB-Rot kënnt haut fir seng Sitzung zu Frankfurt zesummen. Op de Finanzmäert gouf am Virfeld mat enger weiderer Reduktioun vun de Leetzënse bei der Europäescher Zentralbank gerechent. D’EZB-Presidentin Christine Lagarde an de Vizepresident Luis de Guindos wäerten déi geldpolitesch Decisioune vum Gouverneursconseil de Mëtteg kommentéieren.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Fir d'Sitzung vum 12. September wier ee weideren Zënsschrëtt ganz warscheinlech. Op de Marchéë géif souguer eng Serie vun Zënsreduktiounen erwaart ginn, esou de fréieren EZB-Chefekonomist Jürgen Stark de Mëttwoch an der Schwäizer Zeitung NZZ.

Wann d'Inflatioun an der Eurozon am Laf vum Joer géif zeréckgoen, da géif dat der Europäescher Zentralbank Spillraum fir Leetzënsreduktioune ginn. Nach géif et awer keen Duerchbroch a Richtung Präisstabilitéit ginn, esou dat däitscht Wirtschaftsinstitut ZEW.

No um Inflatiounszil

Am Juni waren d'Leetzënsen eng éischte Kéier zanter der Inflatiounswell ëm 0,25 Prozentpunkte reduzéiert ginn. Am Juli hat d'EZB d'Tauxe stabil gehalen, a si hat sech d'Dier fir eng Reduktioun haut oppe gehalen.

Den Inflatiounstaux an der Eurozon fir den August ass op 2,2 Prozent geschat ginn. D'EZB-Zil läit bei mëttelfristeg 2 Prozent.

Lëtzebuerger Banken haten hir Zënstauxen fir Immobilieprêten ugepasst

Hei am Land louch de Joresinflatiounstaux de leschte Mount bei 1,7 Prozent, esou de STATEC.

No der EZB-Zënsentscheedung vum Juni hat d'Spuerkeess zum Beispill hir variabel Zënstauxe fir Immobilieprêten op den 1. Juli ëm 0,5 Prozentpunkten erofgesat.