Radioen

On air

De barocke Moien  |  Vittorio Monti (arr. Markos Destefanos) - Czárdás - Duo Marcanto

play_arrow Live
opus

/ Invité vum Dag: Nathalie Rausch

Video

Invité vum Dag: Nathalie Rausch

Zënter 25 Joer gëtt ët eng Fleegeversécherung hei am Land: D'Directrice kuckt zréck an erkläert. Moderatioun: Maurice Molitor.

auto_stories

1 min

headphones

12 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

D‘Fleegeversécherung wier eng Success Story, dat d‘Direktrice Nathalie Rausch am 100,7-Interview. Haut profitéiere 17.000 Leit vun der Assurance Dependance, déi viru 25 Joer zu Lëtzebuerg ageféiert gouf.

Vun de 17.000 Leit liewen eppes méi wéi zwee Drëttel Doheem, an déi aner an externe Pfleegestrukturen. Dat prioritäert Zil vun der Assurance Dependance wier weider, datt d‘Leit kënnen Doheem bleiwen, esou d‘Nathalie Rausch.

An der Moyenne läit den Alter bei éischten Demande fir d'Fleeg doheem bei 69 Joer. An de Strukture läit déi Moyenne bei 83 Joer.