Radioen

On air

De barocke Moien  |  Johann Sebastian Bach (arr. Camille Saint-Saëns) - Partita Nr.1 fir Solo Gei, BWV 1002, Bourrée - Sabine Weyer (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Motioun vun déi gréng fir d'Liewensqualitéit op der Gare gouf ofgeleent

Stater Gemengerot

Motioun vun déi gréng fir d'Liewensqualitéit op der Gare gouf ofgeleent

Eng Motioun vun deene Stater Gréngen zur Verbesserung vun der Liewensqualitéit am Garer Quartier gouf am Gemengerot net gestëmmt, huet dofir awer fir laang Diskussioune gesuergt. Déi gréng hate ganzer 15 Mesuren un de Stater Gemengerot geriicht.

auto_stories

3 min

headphones

1 min

Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg play_arrow

Dorënner hu virun allem d’Aféierung vun engem Coordinateur fir de Quartier Gare an d’Ausbaue vun der Hygiènes-Ekipp op 24 Stonnen den Dag fir vill Konfliktpotential am Gemengerot gesuergt. Vum Schäfferot koum virun allem de Message, datt een de Quartier Gare net ëmmer sou schlecht sollt schwätzen. Dozou seet d‘Corinne Cahen:

"Ass d'Gare méi geféierlech wéi en anere Quartier? Ech héieren ëmmer, datt an anere Quartieren d'Leit och emol heiansdo de Portmonnie geklaut kréien.“

Lauschterenplay_arrow

Et sollt een d‘Efforten zesummendoen, fir de Quartier méi flott ze maachen. Fir d‘Corinne Cahen kéint een d‘Gare nees zu engem vun den attraktiivste Quartieren aus der Stad maachen.

Eng Fuerderung vun déi gréng war déi, fir méi Policepresenz – eng fir d‘Partei éischter ontypesch Fuerderung. D‘Christa Brömmel erkläert am 100,7-Interview, datt déi gréng eng breet Basis fir d‘Motioun wollte schafen.

Iwwerdeems géif d‘Sécherheetsgefill op dräi Piliere stoen: Preventioun, sozial Begleedung a Repressioun, an et bräicht ee vun allen dräi genuch, esou d'Christa Brömmel. play_arrow

Interview mat der Christa Brömmel lauschterenplay_arrow

Vëlo- a Foussgängerbréck gëtt ugeholl

Iwwerdeems gouf och eng nei Käschtepropos fir déi geplangte Vëlo- a Foussgängerbréck tëscht dem Cents a Weimeschhaff/Kierchbierg ugeholl. D‘Bréck gëtt däitlech méi deier, wéi ufanks geplangt. De Käschtepunkt läit elo bei ronn 40 Milliounen Euro. Dat si 16 Millioune méi, wéi am Dezember 2021, wou de Projet mat enger Propos vu 24 Milliounen Euro ugeholl gi war.

De Käschtendepassement vu 66 Prozent huet de Stater Finanzschäffe Laurent Mosar virun allem duerch den Index an aner gesetzlech Erhéijungen erkläert. Och de Präis fir de Stol, dee fir d‘Bréck benotzt gëtt, wier geklommen, sou de Stater Finanzschäffen. 

D‘Käschtepropos gouf mat de Stëmme vun der DP-CSV Majoritéit an déi gréng ugeholl. D‘LSAP an déi Lénk hu sech enthalen, an d‘ADR huet dogéint gestëmmt.

Wéini d‘Bauaarbechten ufänken ass nach net kloer. De Neiduerfer Syndicat d‘intérêt locaux huet am Mee géint d‘Autorisatioun vun der neier Bréck um Verwaltungsgeriicht geklot.

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft