Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ D'Ukrain-Kontaktgrupp erlaabt der Ukrain keng Ugrëff mat Laangstreckerakéiten a Russland

Militärbase zu Ramstein

D'Ukrain-Kontaktgrupp erlaabt der Ukrain keng Ugrëff mat Laangstreckerakéiten a Russland

Verteidegungsministeren a Militärvertrieder aus Ronn 50 Länner, dorënner och Lëtzebuerg, waren de Freideg op Invitatioun vum amerikanesche Verteidegungsminister Lloyd Austin op der amerikanescher Militärbase zu Ramstein a Rheinland-Pfalz zesummekomm, fir iwwer weider militäresch Hëllef fir d‘Ukrain ze beroden.

auto_stories

1 min

Lloyd Austin a Wolodymyr Selenskyj | © picture alliance/dpa | Andreas Arnold
Foto: picture alliance/dpa | Andreas Arnold

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, deen haut fir eng éischte Kéier dobäi war, huet op en neits méi Waffe gefrot an ëm d‘Erlabnis, fir Laangstreckerakéiten op russeschem Territoire asetzen ze dierfen

Dat wier aus der Siicht vu verschiddene Länner "e bësse problematesch" sot dozou déi Lëtzebuerger Verteidegungsministerin Yuriko Backes. 

Lauschterenplay_arrow

"(…) well se och fäerten, datt dat wierklech de Krich kann eskaléieren. Ech verstinn awer op der anerer Säit och, datt dat néideg ass fir de Krich ze gewannen. Well datt d’Ukrain de Krich net gewënnt, dat ass am Fong keng Optioun a géif och d’Situatioun fir Europa an doriwwer eraus vill méi kriddeleg nach maache wéi se schonn ass."

Lëtzebuerg huet bis elo fir dëst Joer 73,5 Milliounen Euro virgesi fir d‘Ukrain am Krich géint Russland ze ënnerstëtzen.