Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Anna Amalia von Preußen - Sonat fir Flütt a Fa Majeur, I. Adagio - Sophia Aretz (Flütt), Alexander van Heißen (Cembalo)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Du Nil à l'Oural

Een interregionale Projet um Wëlzer Festival

Wéi eng Musek fir Nationalfeierdag?

De Pascal Schumacher an den Ivan Boumans hu Wierker fir den offiziellen Akt an der Philharmonie komponéiert.

Concerten an CD-Produktiounen

Spannend Zäiten fir d'Pianist Sabine Weyer

Hommage un e groussen Dirigent

D'Deutsche Radio Philharmonie spillt e Programm, deen de Stanisław Skrowaczewski nach viru sengem Doud zesummegestallt huet.

Eng aussergewéinlech Kombinatioun

Den delian::quartett spillt zesumme mat der Sopranistin Mojca Erdmann um Iechternacher Festival.

Fréijoersdreem vu romantesche Komponisten

Enseignanten aus dem Stater Conservatoire proposéiere Lieder fir Piano, Gesang a Klarinett.

performers.lu

Eng nei Plattform als Vermëttlerin tëscht Kënschtler, Organisateuren an dem Public

Dänzeresch, besonnesch a méi jonk

De Wëlzer Festival geet a seng 65. Editioun.

Fir d'Première een Cellist

De Benjamin Kruithof ass den éischte Laureat vum Prix Anne et Françoise Groben.

16.6.2017: OPL Live mam 100,7 an SR2

Um Programm ënner anerem déi 10. Sinfonie vum Shostakovich an de Pianosconcerto vum Maurice Ravel

Contes d'Hoffmann zu Metz am Operenhaus

Déi lescht a ganz eescht Oper vum Jacques Offenbach

D'Fête de la Musique 2017

Wat sinn d'Highlights am Beräich "klassesch Musek"?

Keen normale Recital

De Romeo Castellucci inzenéiert dem Franz Schubert säi "Schwanengesang".
Lëschteg Musek vun engem depressive Komponist

Lëschteg Musek vun engem depressive Komponist

De Kammermusekveräin Lëtzebuerg interpretéiert dem Franz Schubert säin Oktett a fa majeur.

Jonk Talenter léieren, wéi een Oper mécht

"Così fan tutte" vum W.A. Mozart an der Abtei Neimënster

En exceptionellen Perkussionist

Nei CD a Projeten vum Christoph Sietzen

De Prix Anne et Françoise Groben

D'Finale mam Orchestre de Chambre du Luxembourg ass e Sonndeg (18.6.2017) an der Philharmonie.

Vun der Met zu New York op Lëtzebuerg

D'Diana Damrau kënnt an d'Philharmonie

"Dank Iechternach kann ech endlech Glass spillen"

De Geiist Daniel Hope ass Artist in Residence beim Iechternacher Festival

Konzertmatinée live vu Saarbrécken

Déi lescht Wierker vum Mozart mat der Deutschen Radiophilharmonie Saarbrécken-Kaiserslautern.