Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Georges Schmitt - La Violette. Rêverie sentimental - Trio Cénacle

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Final Match

United Instruments of Lucilin mat Wierker vu Lanza, Benjamin, Kagel an Tsangaris

Wien gëtt Successeur vum Victor Puhl?

Den Tréierer Generalmusikdirektor hält no der Saison 2017/2018 op.

Den Iechternacher Festival steet virun der Dier

Lancéiert gëtt de Festival mat engem Concert vum Artist in Residence Daniel Hope.

De Jacques Mercier hält op

Seng lescht Saison als Chefdirigent vum Orchestre national de Lorraine steet ënnert engem Thema, dat hie scho zanter längerem opreegt.

Eng Schëfflenger Affaire

Den Trompettist Philippe Schartz an den Doumorganist Paul Breisch hunn een Disque opgeholl.
De Georg Philipp Telemann (1681-1767)

De Georg Philipp Telemann (1681-1767)

De Barockmeeschter ass de Komponist vum Mount Juni um radio 100,7.

"Wann een emol Mahler am Blutt huet, gëtt een en net méi lass"

Den Organist David Briggs an de Bariton David Pike huelen Mahler-Lieder op.

"Eise Produit ass net méi gefrot."

D'Opéra du Trottoir hält op.
Opéra Metz-Métropole: Saison 2017/18

Opéra Metz-Métropole: Saison 2017/18

Vill Highlighte an de Sparten: Oper, Ballet, Theater, Musikaleschen Theater an och Spektakele fir jonke Public.

10t Sinfonie vum Mahler (B. Deryck Cooke) mam OPL

Mam Dirigent Eliahu Inbal, den den Deryck Cooke kannt huet.

"Eise Produit ass net méi gefrot."

D'Opéra du Trottoir hält op.

Eng hallef Millioun Euro fir jonk Museker

Iwwert en Zäitraum vu 5 Joer verdeelt d'Fondation Michelle Boursen u jonk Museker. Um Galaconcert triede 7 Laureaten vun dësem Joer op.

Wéi klengt déi nei Generatioun vu Lëtzebuerger Komponisten?

Am Stater Conservatoire kritt een eng Äntwert.

Am Äischdall

Eng Kompositioun fir Harmonieorchester a Chouer vum Steve Boehm

Tëscht ierdeschem a philosopheschem Verlaangen

Eng nei Produktioun vum Wagner séngem "Tannhäuser" zu Saarbrécken

Véier Museker an e Wierk, un deem aacht Joer komponéiert gouf

De Quatuor Kreisler spillt am Foyer européen.

Et gëtt Eescht

D'Finale vum Concours Reine Elisabeth

De Georg Philipp Telemann

E Komponist, deen all ze oft falsch interpretéiert gëtt.

Renaissance no 301 Joer

Dem Antonio Vivaldi seng Oper "Arsilda, Regina di Ponto" feiert am Stater Theater hir zweet Uropféierung.

Eng Nominatioun, déi fir Diskussioune suergt

Wéi ass et zum Engagement vum Florian Krumpöck als neie Chefdirigent vum Orchestre de Chambre du Luxembourg komm?