"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.

Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.

Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

D'Laureaten aus de Lëtzebuerger Conservatoiren

En nächste Samschdeg (11.3.2017) triede fënnef jonk Museker zesummen mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg am CAPE op.

De Pavel-Haas-Quartett

Den Ensemble ass den Owend (7.3.2017) an der Philharmonie.

« Born 2 Dance »

Eng Serie vun Danz-Spectaclen am Stater Conservatoire

De Pierre-Boulez-Sall zu Berlin

No der Elbphilharmonie virun déck zwee Méint gouf elo an Däitschland deen zweeten neien Concertssall opgemaach.

Kompositiounen a kierperlech Konstitutiounen

Eng nei Emissioun iwwert den Afloss vun der kierperlecher Konstitutioun op Komponisten an hir Wierker

Musek um Haff vun den Habsburger

Den Ensemble Stravaganza spillt e Sonndeg (5.3.2017) am Kader vun de Rencontres musicales de la Vallée de l'Alzette.

De Gestiwwelte Kueder a méi

Wierker vum Milhaud, de Aguila, Dring a Groslot den Owend (3.3.2017) am Escher Conservatoire

De Pinchas Zukerman als Gaaschtdirigent

D'Solistes Européens, Luxembourg spille Wierker vun Elgar, Offenbach, Haydn, Bach a Mozart.

Kantoralgesang a Mozart

Concerten mam Ensemble "L'Estro Armonico"

De Requiem vum Maurice Duruflé

Den Ensemble "Cantica" an den Organist Maurice Clement interpretéieren d'Meeschterwierk vum franséische Komponist.

Een Operenowend mat der Cecilia Bartoli

Déi italiensch Mezzosopranistin huet d'Titelroll am Rossini senger Oper "La Cenerentola" gesongen.

Sibelius a Schostakowitsch

Déi hollännesch Geiistin Janine Jansen an den NHK Orchestra kommen an d'Philharmonie.

Sechs Personen suchen einen Komponisten

Muer (1.3.2017) ass d'Première vum Claude Lenners sengem neie Wierk am Théâtre national.

La Cenerentola

Dem Giacchino Rossini seng Oper "La Cenerentola" gouf virun 200 Joer uropgefouert.

Voices & Winds

Wien vum Tolga Kashif senger "Queen Symphony" iwwerzeegt ass, wäert vun der "Genesis Suite* iwwerrascht ginn.

ROH-Live 28.02.2017: Ballet Dornrösschen

An de Kinoen Starlight-CNA Diddeleng. De "Royal Ballet", feiert och seng 70 Joer.

D'Joer 2017: 175 Joer Militärmusek

Villes um Programm iwwert dat ganzt Joer.

Jordi Savall: Philharmonie 27.02.2017

Concert: Le rayonnement de Byzance et l’expansion de la religion orthodoxe.

Programmatioun Artikuss - Zolwer

Den Artikuss ass dat zimlecht neit Kulturhaus am Minett a méi genee zu Zolwer. An och Si sichen hir Nische an der Programmatioun.

Operen am Mäerz an der Groussregioun

Wat leeft am Stater Theater, zu Saarbrécken an zu Metz a punkto Operen am Mäerz 2017.