Kreativ Fräiheet, Villerchersgesang a ganz vill Léift

headphones

115 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Wat geschitt wann een deene Jonke jeeglech Barrièren ewech hëlt a sämtlech Grenze sprengt? Wat hu Villercher mat Musek ze dinn? Wéi komponéiert een iwwerhaapt? A wéi héiert sech e platoneschen ‘Coup de foudre’ un? Iwwert dat alles schwätze mir an de Resonanze vun haut.

Mir kucken zeréck op de Klassik Aktuell vum leschte Méinden, wou mir iwwert de Projet ‘Perspektives’ geschwat hunn. Dësen interdiszipilnäre Projet vum Stater Conservatoire bréngt Jonker aus de Beräicher Musek, Theater an Danz zesummen, a fuerdert se op jeeglech Barrièren ewech ze raumen a sämtlech Grenzen ze sprengen. An zesumme mat hiren Enseignantë kucken si wat dorauser entstoe kann.

Am Häerzstéck vun dëser Woch huet d’Marie Trussart sech dem Ottorino Respighi säi Wierk ‘Gli Ucceli’ méi genau ugekuckt. Fir dëst Wierk huet de Respighi seng Inspiratioun aus barocke Kompositioune gezunn, an d’Marie verréit eis och wéi eng Villercher een an dësem Wierk héiere kann.

Am Klassik Talk verréit eis de Lëtzebuerger Komponist Hy-Khang Dang wéi säi perséinleche Kompositiouns-Prozess ausgesäit, wat alles zu esou engem Kompositiounsprozess dozou gehéiert, a wéi hien am Alldag d’Inspiratioun fir seng Kompositioune fënnt.

An am Plackespiller vun dëser Woch huet d’Marie Trussart den néien Album ‘M’a dit Amour’ vun der franséischer Sopranistin Julie Roset an der amerikanescher Pianistin Susan Manoff virgestallt, deen eng eenzeg grouss Libeserklärung ass.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Resonanzen

Mir feieren dräi Joresdeeg vu Komponiste mat wonnerschéiner Musek a ruffen um Dag vum Buergbrennen de Summer mat enger Samba.

Resonanzen

Mir feieren dräi Joresdeeg vu Komponiste mat wonnerschéiner Musek a ruffen um Dag vum Buergbrennen de Summer mat enger Samba.
headphones

237 min

play_arrow

118 min

play_arrow
That’s Amore

That’s Amore

Een Dag no Vältesdag kucke mir wéi et mat der Léift an der klassescher Musek ausgesäit a maachen eis op d’Sich no der grousser, éiweger Léift, haut a Resonanzen!
That’s Amore

That’s Amore

Een Dag no Vältesdag kucke mir wéi et mat der Léift an der klassescher Musek ausgesäit a maachen eis op d’Sich no der grousser, éiweger Léift, haut a Resonanzen!
headphones

112 min

play_arrow
Kreativ Fräiheet, Villerchersgesang a ganz vill Léift

Kreativ Fräiheet, Villerchersgesang a ganz vill Léift

Wat geschitt wann een deene Jonke jeeglech Barrièren ewech hëlt a sämtlech Grenze sprengt? Wat hu Villercher mat Musek ze dinn? Wéi komponéiert een? A wéi héiert sech e platonesche
headphones

115 min

play_arrow
Lëtzebuerger Volleksmusek an e neien Album mat spuenescher Musek

Lëtzebuerger Volleksmusek an e neien Album mat spuenescher Musek

Mir schwätzen iwwer lëtzebuerger Volleksmusek an enger moderniséierter Versioun mam Projet Authentica a stellen Iech e ganz besonnesche Live-Album am Plackespiller vir.
headphones

117 min

play_arrow
Britten, Bruckner a bedeitend Komponistinnen

Britten, Bruckner a bedeitend Komponistinnen

E Concert voller Fraepower, en neien Album dee vill Iwwerraschunge mat sech bréngt, en Zuelemensch deen eng nei Bün fënnt an e Meeschter deen e Meeschter veréiert.
headphones

117 min

play_arrow
Musikalesch Auszeechnungen an ausgezeechent Musek(er:innen)

Musikalesch Auszeechnungen an ausgezeechent Musek(er:innen)

Lieder ouni Gesang, eng Symphonie mat nodréiglechem Titel, an e Star ouni Allüren, dat erwaart Iech an de Resonanzen dës Kéier
headphones

117 min

play_arrow
Den Cello aus senger Komfortzon huelen an e weltberüümte Geiist als Invité

Den Cello aus senger Komfortzon huelen an e weltberüümte Geiist als Invité

D'Marie Schockmel presentéiert säi Plackespiller vun dëser Woch: deen neien Album vun der Cellistin Amalie Stalheim an ënnerhält sech mam Geiist Joshua Bell.
headphones

117 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

E Start an dat neit Joer mat vill gudder Laun, schmasseger Musek an 2 Gebuertsdagskanner
headphones

116 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Réckbléck op d'Joer 2025 mat Lëtzebuerger Albumen, Ausbléck op ronn Gebuertsdeeg a Jubiläe fir 2026
headphones

116 min

play_arrow
Resonanzen Spezial fir Hellegowend | © picture alliance / imageBROKER | Lucas Seebacher

Resonanzen Spezial fir Hellegowend

Wéi vill gëtt Lëtzebuerg fir Chrëschtkaddoen aus? Ginn nach CDen oder Concertstickete verschenkt? De Lex Kauffmann an de Christophe Mirkes hunn Iech dat gefrot.
headphones

114 min

play_arrow
100 Prozent Chrëschtstëmmung!

100 Prozent Chrëschtstëmmung!

D’Marie Schockmel begleet dech mat spannender klassescher Musek duerch de véierten Adventssonndeg a bléckt mat dir zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.
headphones

118 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Den Nussknacker a seng Entsteeung, 2 Concerten, déi Dir haut de Mëtteg kënnt lauschtere goen, Astëmmung op de Live-Concert vu muer den Owend
headphones

118 min

play_arrow
Eng Rëtsch voll Musek an Aktualitéit

Eng Rëtsch voll Musek an Aktualitéit

De Kleesche war do - och um Opus 100,7 - an huet fir den zweeten Adventssonndeg net just vill schéi Musek bruecht, mee och e Schong voll interessanter Sujeten.
headphones

117 min

play_arrow
Rumänesch-amerikaneschen Album an Nik Bohnenberger

Rumänesch-amerikaneschen Album an Nik Bohnenberger

D’Marie Schockmel begleet Iech mat flotter klassescher Musek duerch den éischten Adventssonndeg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.
headphones

117 min

play_arrow
Vill nei Musek an ee Réckbléck op d'Liewe vum Franz Schubert

Vill nei Musek an ee Réckbléck op d'Liewe vum Franz Schubert

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.
headphones

119 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

130. Gebuertsdag, 259. Gebuertsdag, Concerten hei zu Lëtzebuerg
headphones

112 min

play_arrow