Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Johannes Brahms - Sonat fir Gei a Piano Nr.3 a Ré Mineur, Op. 108, II. Adagio - Aylen Pritchin (Gei), Maxim Emelyanychev (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Luxembourg Composition Academy 2017

Aacht Jonk Komponiste presentéieren hir Aarbecht.

Wéi e grousse Steen an der Loft

Den Celloconcerto "Guardian" vun der Komponistin Chaya Czernowin feiert seng Première zu Lëtzebuerg.

Nei Kreatioun vum Catherine Kontz

Italian Madrigal Book, eng Soirée den Owend (16.11.2017) am Kader vum Festival Rainy Days

Vu Bach bis Zelenka

D'Editioun 2018 vun de Rencontres musicales de la Vallée de l'Alzette

"Ein deutsches, frühromantisches Sandwich"

Den Orchestre Philharmonique Royal de Liège interpretéiert Wierker vum Otto Nicolai, Pjotr Tschaikowski a Robert Schumann.

De grujelegen Dr. Caligari

Projektioun vum Filmklassiker mat Live-Musek am Kader vum Festival Rainy Days

Purcell an Händel

De Madrigal de Luxembourg sengt am Kader vun de Soirées musicales de Bissen.

En Debut mat 88 Joer

De Bernard Haitink kennt an d'Philharmonie

Vun der Viola da Gamba bis bei de Marsch

Am Gespréich mam Komponist Camille Kerger

Nei Talenter entdecken a fërderen

De 34. Concours pour jeunes solistes vun der UGDA

Tango Sensations

De Bandoneon-Spiller a Professer am Escher Conservatoire Daniel Gruselle proposéiert en Tango-Owend zesumme mam Collectif Arsys (11.11.2017)
Eng Bühn fir jonk Talenter

Eng Bühn fir jonk Talenter

Déi beschte Conservatoires-Studenten vu Lëtzebuerg spille mat der Militärmusek.
Musek fir d'Reformatioun

Musek fir d'Reformatioun

Concert mam Ensemble Vocal du Luxembourg an dem Ensembel Il Delirio Fantastico

Sonata delle Farfalle

Eng nei Kompositioun vun der Tatsiana Zelianko

Schubert 2.0

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg mat enger Kreatioun vum David Ianni an dräi Pianisten op der Bühn

Eng musikalesch Entdeckungsrees

Ë Mëttwoch (8.11.2017) presentéiert de Pianist Romain Nosbaum seng nei CD am CAPE.

Optakt mat Xenakis

Den Jack Quartet mécht d'Ouverture vum Festival Rainy Days.

De Weltmeeschter

Den Harmonieorchester St. Michaël van Thorn kënnt op Iechternach

Concours a Meeschtercoursen

D'Associatioun Nei Stëmmen ass Partner vum internationale Concours vun s'Hertogenbosch.

Ënnert Taste gekuckt

De Beruff vum Klavierbauer