Radioen

On air

Notturno  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Sinfonie Nr.6 a Si Mineur, Op. 74 "Pathétique", III. Allegro molto vivace - Radio-Sinfonieorchester Stuttgart des SWR, Roger Norrington (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Stabat Mater Dolorosa zu Dikrech 18.2.2017

Wierker vu Pergolesi, Vivaldi a Biber an der aler Kierch

MusMil & US-Air Force Band Europe

Zwee Concerte spillen déi zwee professionell Orchesteren zesummen.

Béatrice Berrut: Album Metanoia

Wierker vu Franz Liszt op enger CD beim Label Apartemusic

Zäitgenëssesch Oper "Svadba" am Stater Theater

D'Produktioun ass am Stater Theater ze gesinn den Dënschdeg 14., a Mëttwoch 15. Februar 2017.

Trio Müller-Braun-Riccardi

De Camerata-3 Concert an der Phiharmonie den 13.2.2017

"Erschröckliches und Ergötzliches"

De Christian Brembeck proposéiert an der Kierch vun Ensheim en Uergel-Concert, deen aus der Norm fällt.

"Kammermusek fuerdert ee musikalesch a perséinlech"

De Philharmonesche Streichtrio Berlin kënnt iwwermuer (12.2.2017) fir ee Concert op Buerglënster.
E Concert de Midi mam Pascal Meyer

E Concert de Midi mam Pascal Meyer

Um Programm sti souwuel Wierker vum Frédéric Chopin wéi och Stécker, déi vun him inspiréiert goufen.

Concert: Le fugitif et l'éternel

Concert am Kader vun de Classic Jam Sessions am Kinneksbond zu Mamer den 10. Februar 2017

Vu Brahms bis de Bouw

Zwee Concerte mam Trio Leopoldinum an der Pianistin Lynn Orazi

"Die Kunst der Fuge ist ein großes Kunstwerk"

Den Armida-Quartett spillt dem Bach säi Meeschterwierk an der Philharmonie (8.2.2107).

Maria João Pires an der Philharmonie

D'Pianistin spillt de Concerto fir Piano n.23, vum Wolfgang Amadeus Mozart, an der Philharmonie.
Eng Mozart-Soirée

Eng Mozart-Soirée

De Jean Muller an d'Laetitia Shi spille Pianosconcerti am CAPE zu Ettelbréck (12.2.2017).

Den Opening zu Tréier

En internationale Festival fir aktuell Klangkonscht
Les Soirées musicales de Bissen

Les Soirées musicales de Bissen

De Festival 2017 fänkt e Sonndeg (12.2.2017) un.

"Den 2. Concerto fir Sitar ass mäi Favorit"

Ee Gespréich mat der Sitar-Spillerin Anoushka Shankar

Music@Drama

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg spillt am Kinneksbond zu Mamer.

Ee Pianist mat Potenzial

De Lukasz Krupinski steet um Ufank vun enger spannender Carrière.

Eng Commande fir de Gebuertsdag

D'Militärmusek spillt am Kader vun hirem 175. Anniversaire am Artikuss (10.2.2017). Um Programm d'Creatioun vun engem Wierk vum amerikanesche Komponist Bruce Hamilton.

Vun enger Abschiedssinfonie zu enger, déi d'Liewe feiert?

Zesumme mam Symphonieorchester des Bayerischen Rundfunks interpretéiert de Mariss Jansons dem Gustav Mahler seng 9. Sinfonie.