Den Hierscht, den Hierscht, den Hierscht ass do...
A Resonanzen dréit sech dës Woch alles em den Hierschtufank! A gläichzäiteg kucke mir, wéi all Sonnden, op déi interessantste Saachen déi dës Woch bei eis um Opus gelaf sinn.
Am Häerzstéck vun dëser Woch hu mir iwwert de Concerto fir zwee Pianoe vum Francis Poulenc geschwat, an am Klassik Aktuell hu mir eis dem Purcell seng 'Grounds' e bësse méi genau ugekuckt.
A bei der Musek ass vu Saint-Saëns, iwwert Boulanger bis bei Tartini vun allem eppes dobäi.